Grénge Waasserstoff

Léisungen mat gréngem Waasserstoff Energieträger vun der Zukunft

Vill Entreprisë stellt d’Energiewende viru grouss Erausfuerderungen. D’Méiglechkeet selwer gréng a bëlleg Energie ze produzéieren, schéngt fir vill Betriber mat der Installatioun enger PV-Anlag op dem Dach ausgereizt ze sinn. Zousätzlech wäichen de Verbrauch an d’Produktioun vum Stroum dacks zäitlech vuneneen of. Kënnt Iech dat bekannt vir?

Bannent vum Energie-Ecosystem, wéi een et op der Duerstellung erkennt, bitt grénge Waasserstoff eng Léisung fir déi Erausfuerderungen. Mat Hëllef vun engem Elektrolyseur ka grénge Waasserstoff direkt aus gréngem Stroum CO2-fräi produzéiert ginn. Doduerch léist sech de Stroum laangfristeg effizient späicheren a planbar notzen. Een aner Virdeel ass, dat Waasserstoff vun engem Site op een aneren transportéiert ka ginn.

Insgesamt ergëtt sech eng Villzuel un Usazméiglechkeete fir grénge Waasserstoff:

  • Späicherung vum gréngem Stroum an ongenotzte Stroumiwwerschoss
  • Alternativen Driff fir eng Gefierflott mat héijem Gewiicht a Räichwäit (z.B. LKW a Busser)
  • Deckung vun engem grousse Bedarf un Hëtzt
  • a vill méi…

GPSS bitt mat der Kombinatioun aus Agri-PV a gréngem Waasserstoff Léisungen a Form vun Energy-Ecosystem, fir d’Arsenal un selwer produzéiertem gréngem Stroum ze maximiséieren an dësen ze späicheren. Mat dësen dezentralen a lokalen Anlage loossen sech erneierbar Energien effizient a planbar bei Ärem Site notzen.

Windkraftanlage Agri-PV Stromnetz Grüner Wasserstoff Grüner Strom Batterie Elektrolyseur Wasserstoffspeicher Industrie Transport Mobilität Industrie Brennstoffzelle

Fir d’Méiglechkeete vum gréngem Waasserstoff bei Ärem Site ze integréieren, berode mir Iech gären!

Awer wat genee ass grénge Waasserstoff?

Grénge Waasserstoff ass ee Gas, deen duerch d’Spléckung vu Waasser (H2O) an seng Bestanddeeler Waasserstoff (H2) a Sauerstoff (O2) gewonne gëtt.

Fir déi Spléckung gëtt Stroum gebraucht, deen am Fall vum grénge Waasserstoff aus erneierbaren Energiequellen, wéi Sonn- oder Wandenergie, stamen. Bei dësem Prozess, och Elektrolys genannt, entstoe keng Emissiounen.

Grénge Waasserstoff ass dowéinst keen Energieträger, fräi vu Kuelestoffdioxid (CO2) an een zentrale Bestanddeel fir Dekarboniséierung an de Secteure vun der Industrie an der Mobilitéit.

Wisou grénge Waasserstoff sou wichteg fir eng erfollegräich Energiewende ass

Den allgemengen Trend, vu fossillen op erneierbar Energien ëmzesteigen, scheitert dacks dorunner dat punkto grénger Energieproduktioun net genuch virausgekuckt ka ginn.

GPSS huet sech als Aufgab gemaach, eng Léisung fir déi Erausfuerderungen unzebidden, déi erneierbar Energie a Form vum grénge Waasserstoff ze späicheren an domadder steierbar mécht, sou dat d’Energie da genotzt ka ginn, wann se gebraucht gëtt.

Mat eisem Energy-Ecosystem steigere mir d’Notzung vun erneierbaren Energien an entlaaschten d’Stroumnetz. Domadder leescht Dir ee wichtege Bäitrag punkto Energiewende an Energieautarkie vun Ärer Entreprise a Lëtzebuerg.

KONTAKTÉIERT EIS

GPSS Pioneer Project coming soon

Dat éischt GPSS Energy-Ecosystem steet kuerz virun der Verëffentlechung!

Deen Projet, dat als Proof of Concept vu GPSS déngt, gëtt vu bedeitenden (ëffentlechen a privaten) Partner ënnerstëtzt a stellt ee grousse Schrëtt duer am Bezuch dorop dat Lëtzebuerg sech selwer mat gréngem Waasserstoff versuerge kann.

Kommt a puer Wochen erëm, fir méi gewuer ze ginn.

Energy-Ecosystem Eis nohalteg Léisunge fir Ären individuelle Besoin

Mat Hëllef vun eise Kompetenzen an de Beräicher vun der erneierbarer Energie- a Waasserstoffproduktioun an eisen Erfarunge vun eisen eegene Projete begleet GPSS Iech, vun der Berodung bis bei d’Realiséierung vun Ärem eegenen Energy-Ecosystem. Dobäi liwwere mir Léisungen op Mooss geschneidert, fir ugepasst un Är individuell Ufuerderungen een effizient Energy-Ecosystem ze entwéckelen.

Dës dezentral a lokal Produktiounsanlage sinn dofir konzipéiert, d’Stroum- a Waasserstoffproduktioun beschtméiglech mateneen ze kombinéieren a Synergien ze kreéieren.

GPSS bitt Iech ee komplett Portfolio un Fachwëssen an de Beräicher vun der Produktioun vum grénge Waasserstoff.

Zu unseren Dienstleistungen

Féiert eng Ëmstellung op grénge Waasserstoff duerch.