Dienstleistungen

Eis Léisunge fir Agri-PV a grénge Waasserstoff

GPSS bitt effizient an un Är individuell Bedierfnesser ugepasst Léisungen an de Beräicher AGRI-PV esouwéi och der Produktioun an Notzung vum grénge Waasserstoff. Eist Portfolio reecht vun der Berodung an Duerchféierung enger Machbarkeetsetüd iwwer Projetentwécklung bis bei d’Realiséierung an d’operativ Betribsféierung vun der Anlag.

D’Erfarungen an d’Know-How aus den eegene Projete fléissen direkt an d’Berodung an Projetentwécklung fir interesséiert Clientë mat eran.

GPSS Pioneer Project coming soon

Dat éischt GPSS Energy-Ecosystem steet kuerz virun der Verëffentlechung!

Deen Projet, dat als Proof of Concept vu GPSS déngt, gëtt vu bedeitenden (ëffentlechen a privaten) Partner ënnerstëtzt a stellt ee grousse Schrëtt duer am Bezuch dorop dat Lëtzebuerg sech selwer mat gréngem Waasserstoff versuerge kann.

Kommt a puer Wochen erëm, fir méi gewuer ze ginn.

Grénge Waasserstoff
Machbarkeetsetüdenicon

Machbarkeetsetüden

Mir analyséieren Äert Potenzial punkto Produzéieren an Notze vum grénge Waasserstoff

Verschidden Energieflëss, wéi z.B. grénge Stroum, Waasserstoff a Wäermt, op engem Site sënnvoll a wirtschaftlech openeen ofzestëmmen, ass eng Erausfuerderung. Aus dësem Grond hunn mir eis eegen intelligent Simulatiouns- an Optimiséierungstools entwéckelt, fir Iech am Kader vun enger Machbarkeetsetüd séier an effizient Léisungen unzebidden.

Op Grondlag vum Potential vum entspriechende Site passe mir ee ganzt Energy-Ecosystem mat allen noutwendege Komponenten, wéi een et schematesch op der ënneschter Duerstellung erkenne kann, fir Ären individuelle Besoin un. Domadder léist sech eng méiglechst effizient esouwéi och wirtschaftlech Produktioun an Notze vum grénge Waasserstoff erzilen.

Kontaktéiert eis

Windkraftanlage Agri-PV Stromnetz Grüner Wasserstoff Grüner Strom Batterie Elektrolyseur Wasserstoffspeicher Industrie Transport Mobilität Industrie Brennstoffzelle

Schematesch Animatioun vun eisem Energie-Ökosystem mat der integréierter Produktioun vu gréngem Waasserstoff

Mat eise selwer entwéckelte Softwaretools fir Ären Energy-Ecosystem

Bei der Duerchféierung vun der Machbarkeetsetüd analyséiere mir fir d’éischt Äre spezifesche Waasserstoff- an Energiebedarf. Duerno gëtt all Komponent duerch ee Simulatiounsmodell, engem sougenannten Digital Twin, an engem héijen Detailgrad virtuell duergestallt.

Op Basis vun dësem individuellen Digital Twin Modell gi Simulatioune vum gesamten Energy-Ecosystem duerchgefouert. Duerch eng Upassung vun de Komponenten an der Betribsstrategie loossen sech d’Produktioun an de Bedarf un Waasserstoff a Stroum optimal openeen ofstëmmen.

Fir déi Kennzuelen déi fir de Clientë wichteg si méiglechst realistesch erauszefannen, simuléiere mir an enger héijer zäitlecher Opléisung iwwert ee laange Betribszäitraum. Dës Resultater déngen als Grondlag fir déi uschléissend Wirtschaftlechkeetsanalys an Identifizéierung vun dem optimalen Design vun der Anlag fir eng maximal Wirtschaftlechkeet.

Vun eisen detailléierte Resultater vun der Simulatioun (lénks Säit) identifizéieren mir déi wichtegst KPIs (riets Säit) fir den optimalen Systemdesign z’identifizéieren

Innovativ Optimiséierung duerch Kënschtlech Intelligenz

Aus enger Auswiel vu méi als dausend méigleche Konfiguratioune fir d’Anlag an enger Villzuel vu Kennzuelen, fanne mir déi optimaalst Léisung fir Äre spezifesche Besoin.

Dozou notzt eise selwer entwéckelten Optimiséierungstool innovativ Algorithmen aus de Beräicher vun der Kënschtlecher Intelligenz (KI) an dem Machine Learning.

Wéi een am Video erkenne kann, fänkt déi Optimiséierung mat enger grousser Auswiel un méigleche Konfiguratioune fir d’Anlag un. Mat all folgendem Simulatiounsschrëtt ginn no an no déi onwirtschaftlech Konfiguratiounen aussortéiert. Domadder ginn zum Schluss vun der Optimiséierung Beispill déi Konstellatioun aus Agri-PV a Wandleeschtung esouwéi och Waasserstoffproduktioun (Elektrolyseurleeschtung) fonnt, bei dem déi gréisst Wirtschaftlechkeet (Return on Investment) am Bezuch op Energy-Ecosystems erreecht gëtt.

Demonstratioun vun eisem Optimisatiounsinstrument: Aus ville méigleche Kombinatiounen (Punkten) gëtt d’Konfiguratioun vum Energy-Ecosystems mat der héchster Rentabilitéit um Enn fonnt

Kontaktufro fir eng Machbarkeetsetüd

Projetentwécklung an -realiséierungicon

Projetentwécklung an -realiséierung

Wann Dir Iech fir déi Realiséierung enger Anlag, fir grénge Waasserstoff ze produzéieren, entscheet, iwwerhëlt GPSS déi noutwendeg Aufgabe fir Iech.

Dobäi këmmere mir eis ëm d’Geneemegungen esouwéi och déi technesch Detailplanifikatioun a begleeden Iech an der Kommunikatioun mat allen Bedeelegten an der Ëffentlechkeet.

Duerno iwwerhuele mir den Opbau vun der Anlag, sou dat Ärer Produktioun vum grénge Waasserstoff näischt méi am Wee steet.

Kontaktéiert eis

Betrib an Entretienicon

Betrib an Entretien

No der Inbetriebnahme sinn déi richteg Stéierung esouwéi och de reegelméissegen a fachmänneschen Entretien vun den Anlagen entscheedend fir een zouverlässegen a wirtschaftleche Betrib.

GPSS hëlt Iech déi Aufgaben of, domadder kënnt Dir onkomplizéiert an effizient d’Virdeeler vum grénge Waasserstoff notzen.

Wat zeechent GPSS am Hibléck op de Betrib an den Entretien besonnesch aus?

Déi optimaal Betribsféierung vum Energy-Ecosystem ass den nächste wichtege Bestanddeel vun Ärem Projet. Dozou entwéckele mir bei GPSS eng Stéierung vun der Anlag, déi op innovativ Methode vun der Kënschtlecher Intelligenz (KI), dem Machine Learning an der modellprädiktiven Reegelung (MPC) baséiert.

Dës Usätz erméiglechen et, déi verfügbar Energie optimal ze notzen an eng Stéierung vun der Liewensdauer vum Elektrolyseur, als zentral Komponent vum Energy-Ecosystem, ze erreechen. D’Berécksiichtegung vun engem prädiktiven Entretien erhéicht zousätzlech d’Verfügbarkeet vun allen Komponenten.

Doduerch erreeche mir eng Waasserstoffproduktioun an -notzung mat beschtméiglecher Effizienz a Wirtschaftlechkeet!

Kontaktéiert eis

Entdeckt eis breet Palette vun gréng Waasserstoff Produiten

Agri-PV Dienstleistungen

Agri-PV
Machbarkeetsetüdenicon

Machbarkeetsetüden

Mir ënnersichen Äert Potenzial fir AGRI-PV

Bei der Duerchféierung vun de Machbarkeetsetüden ënnersiche mir séier an onkomplizéiert realiséierbar AGRI-PV Konzepter fir Äre konkrete Fall. Dobäi berécksiichtege mir gëeegent landwirtschaftlech Kulturen esouwéi och Bewirtschaftungsformen a passen déi Stroumproduktioun beschtméiglechst un Äre Besoin un.

Duerch eis innovativ Softwaretools decke mir eng ëmfangräich Offer of:

  • Analyse vum Besoin
  • Analyse vum Site
  • Choix un passende landwirtschaftleche Konzepter
  • Liicht- a Stroumertragssimulatiounen
  • Wirtschaftlech an technesch Optimiséierung (mat eegener Software)

Nieft eisen eegene, op lëtzebuergesch Bedierfnesser ugepassten, Anlage bidde mir Iech individuell an innovativ Léisungen un!

Eis Berodung riicht sech geziilt op interesséiert Bauere souwéi un gréisser Stroumverbraucher an der Géigend vu landwirtschaftlech genotzte Flächen.

Kontaktéiert eis

Innovativ Optimiséierung duerch Kënschtlech Intelligenz

Eis Software fir d’Auswiel vun de beschten Anlagenkonfiguratioune baséiert op innovativ Algorithmen aus de Beräicher vun der Kënschtlecher Intelligenz (KI) an dem Machine Learning.

Sou kënne mir sécherstellen, dat aus eiser Panoplie un Méiglechkeeten déi optimaalst Léisung fir Iech fonnt gëtt!

Wéi am Video ze gesinn ass, fänkt sou eng Optimiséierung mat enger grousser Auswiel un méiglechen Anlagenkonfiguratiounen un. Unhand vun Ärem Site féiere mir detailléiert Simulatiounen a Berechnungen duerch. Dat erméiglecht eng Prognos vun der erwaardender Stroumproduktioun iwwert ee laangen Zäitraum a mat enger héijer zäitlecher Opléisung. Mat all folgendem Simulatiounsschrëtt ginn no an no déi onwirtschaftlech Konfiguratiounen aussortéiert. Domadder ass zum Schluss vun der Optimiséierung déi Kombinatioun aus Agri-PV Konzept a PV-Leeschtung mat der gréisster Wirtschaftlechkeet (Return on Investment) fonnt ginn.

Demonstratioun vun eisem Optimiséierungsinstrument: Am Endeffekt gëtt den Agri-PV Design mat der héchster Rentabilitéit vu ville méigleche Kombinatiounen (Punkten) fonnt.

Mat eise Liichtsimulatiounen analyséiere mir den Afloss vun den AGRI-PV Anlagen op d’Bewirtschaftung

D’Basis fir d’Analys vun der Sonneinstrahlung op déi landwirtschaftlech Fläch bitt eis Liichtsimulatioun, déi de Worf vum Schiet vun den ënnerschiddlechen Agri-PV Konzepter an engem héijen Detailgrad simuléiert a mat deier Hëllef kann den Afloss vun der Agri-PV Anlag op d’Bewirtschaftung vun der Fläch analyséiert ginn.

Kontaktopnam fir Machbarkeetsetüd

Resultater vun der Schattenanalyse vun engem Agri-PV System mat eise Liichtsimulatiounen
Projetentwécklung- a realiséierungicon

Projetentwécklung- a realiséierung

GPSS ass Äre Partner fir d’Realiséierung Ärer Agri-PV Anlag!

Mir iwwerhuelen déi noutwenneg Schrëtt fir d’Geneemegungen, d’Kommunikatioun mat alleguer de Bedeelegten an d’Ëffentlechkeet souwéi och d’Verfeinerung vum ausgewielten Agri-PV Konzept bis bei technesch Detailplanifikatioun an dem ofschléissenden Ofbau vun der Anlag.

Mir stelle sécher, dat d’Anlag souwuel aus wirtschaftlecher wéi och aus landwirtschaftlecher Siicht een Erfolleg gëtt.

Kontaktéiert eis

Betrib an Entretienicon

Betrib an Entretien

Mir iwwerhuelen de reegelméissegen Entretien, den Ënnerhalt an déi kafmännesch Betribsféierung vun der Anlag, domadder kann iwwert mindestens 15 Joer grénge Stroum zouverlässeg produzéiert ginn.

Sou kënnt Dir Iech suergefräi am duebelen Ertrag vun der Fläch aus Landwirtschaft a Stroumproduktioun freeën.

Kontaktéiert eis

Entdeckt eis breet Palette u Produkter am Beräich Agri-PV

Grénge Waasserstoff Dienstleistungen