Agri-PV

Stroum aus AGRI-PV Zukunft fir d‘Landwirtschaft an d‘Energiewende

GPSS bitt Agri-PV (Agri-Photovoltaik) Léisungen fir eng gläichzäiteg Flächennotzung mat landwirtschaftlecher Bewirtschaftung an erneierbarer Stroumproduktioun aus Solarenergie. Duerch den Ausbau vun der Photovoltaik an der gläichzäiteger Erhalung vun der landwirtschaftlecher Aktivitéit léist sech eng erhéicht Flächeneffizienz erreechen.

Gitt méi gewuer iwwert Är Méiglechkeete mat Agri-PV!

AGRI-PV bitt ee grousst Potenzial Net nëmme fir d’Baueren

Dir sidd Bauer oder hutt eng landwirtschaftlech Fläch an wëllt ee Bäitrag fir d’Energiewende leeschten? Gläichzäiteg ass et Iech awer wichteg, dat dat nohalteg passéiert an déi landwirtschaftlech Tätegkeet bestoe bléift?

Dir sidd eng Entreprise, wat selwer gréng a bëlleg Stroum produzéiere wëll, awer Är Méiglechkeete schénge schonn ausgereizt ze sinn duerch d‘Installatioun enger PV-Anlag op dem Dach?

Dann sinn déi Agri-PV Léisunge vu GPSS genee dat Richtegt fir Iech!

Mir garantéiere mat eise Léisungen, dat de landwirtschaftleche Charakter an déi Primmenfäegkeet vun Äre Flächen erhale bléift, eng Bewirtschaftung ëmmer nach erméiglecht a gläichzäiteg effizient grénge Stroum produzéiert gëtt.

Déi Zukunft vun der Landwirtschaft an déi Zukunft vun der Energieproduktioun sinn enk matenee verbonnen.

Méifacher Notzen duerch AGRI-PV

Et entstoe Synergien duerch déi Duebelnotzung vu landwirtschaftleche Flächen, woubäi eng zousätzlech Akommesquell fir d’Baueren entsteet.

Zousätzlech erméiglecht déi schützend Wierkung vun de PV-Modulen eng Baisse am Bezuch op d’Auswierkunge vun extreeme Wiederereegnesser op déi landwirtschaftlech Kulturen.

An der Zukunft gëtt och Stroum erageholl!

D’Potenzial vum produzéierte Stroum mat Agri-PV ass riseg. Fannt mat eisem Haushalt/Hektar-Rechner eraus, wéi vill Haushalt mat Stroum vun Ärem Feld versuergt kënne ginn.

Agri-PV a Kombinatioun mat Gréngland

Agri-PV a Kombinatioun mat Akerland

Eis Léisungen Ugepasst un Äre Bedierfnesser

Agri-PV Anlage produzéiere Stroum op déi selwecht Aart wéi gängeg Photovoltaik-Systemer. Si mussen awer speziell technesch an ökologesch Krittären erfëllen, fir déi Stroumproduktioun beschtméiglech op déi landwirtschaftlech Notzung unzepassen. Dofir sinn eis Konzepter dorop ausgeriicht, dem Bauer eng méiglecht grouss Flexibilitéit ze bidden a gläichzäiteg eng effizient Stroumproduktioun ze garantéieren.

GPSS bitt Iech ee komplette Portfolio un Fachwëssen, fir fir Iech déi optimal Agri-PV Léisung ze fannen.

Zu unseren Dienstleistungen

Firwat Agri-PV fir Lëtzebuerg sou wichteg ass

Haut hëllt d’landwirtschaftlech Notzungsfläch ongeféier d’Hallschent vun der Fläch vu Lëtzebuerg an – eng Zuel, déi net nëmmen déi Vilfalt vun der nationaler Wirtschaft, mee och déi unhalend Bedeitung vun der Landwirtschaft fir d’Gesellschaft an d’Landschaft vum Land ënnersträicht.

Opgrond vun der Gréisst vum Land sinn de Raum an d’Ressourcen awer begrenzt. Dat féiert zu enger zouhuelender Konkurrenz ëm d’Landnotzung. Zousätzlech ass Lëtzebuerg op den Energieimport staark ugewisen. Doduerch entsteet eng Ofhängegkeet vun Energieliwwerung anerer Länner an deenen hier Präisentwécklung, déi an de leschte Joren opgrond vu geopolitesche Krisen an der Energiewende allzäit an d’Luucht geet.

Duerch den Duebelnotzungspotenzial vun Agri-PV ka souwuel d’Konkurrenz ëm d’Landnotzung reduzéiert ginn an och den Ausbau erneierbarer Stroumproduktioun an d’Energieofhängegkeet kann däitlech erhéicht ginn.

D’Virubestoe vu landwirtschaftleche Fläche gëtt aktiv gefuerdert, wat zum Bestoe vum landwirtschaftleche Charakter vu Lëtzebuerg bäidréit. Duerch déi richteg konzipéiert Ëmsetzung vun Agri-PV ginn besonneschen Ökosystemer an Aartenvilfalt gefuerdert an ee wichtege Schrëtt zum Ausbau nohalteger Energiequellen ënnerholl.

Agri-PV Anlage kënne positiv Effekter op landwirtschaftlech Notzung hunn. D’PV-Module spenden nämlech och genuch Schiet. Domadder loossen sech Kulturen an Déiere virun allzäit extreeme Wiederereegnesser protegéieren.

Mir hunn d’Äntwerten op Är Froen (FAQ)

Gitt méi iwwert Är Méiglechkeete mat Agri-PV gewuer!